6-Days Lull Gillen 2023
du dimanche 2 juillet au dimanche 9 juillet

Historique

  Dimanche 1 Dimanche 2 Dimanche 3 Lundi Mardi Mercredi 1 Mercredi 2 Jeudi 1 Jeudi 2 Vendredi * Dimanche 1 * Dimanche 2 Samedi 3  
Samedi 1 Samedi 2
Par. km Par. km Par. km Par. km Par. km Par. km Par. km Par. km Par. km Par. km Par. km Par. km Par. km Tot. Km Participants
* 2022 198 13.266 117 13.338     271 14.634 280 15.400 274 14.796     233 13.514         212 13.780 135 16.470     115.198 1.720
2019 218 14.606 165 17.985     326 18.582 375 21.000 327 16.677     213 12.141         191 13.370 195 21.555     135.616 2.010
2018 245 16.170 176 19.888     334 18.036 359 20.104 343 17.150     227 11.804         212 13.780 181 20.453     137.385 2.077
2017 215 14.405 185 22.755     318 16.854 379 23.498 384 20.352     363 20.328         230 14.950 196 22.148     155.290 2.270
2016 214 14.338 219 24.528     293 15.529 365 19.710 376 19.928     353 22.239         183 11.529 202 22.826     150.627 2.205
2015 254 16.510 164 18.860     359 19.745 332 18.924 335 18.425     377 19.227         205 13.325 267 28.035     153.051 2.293
2014 125 8.125 110 12.980     301 15.351 346 17.992 338 18.590     330 19.800         156 10.140 124 13.392     116.370 1.830
2013 123 9.102 225 24.525 107 5.350 383 21.448 374 21.318 189 10.395     342 23.940         204 13.260 181 20.453     149.791 2.128
2012 217 14.105 168 18.312     311 17.727 352 19.008 357 18.921     287 18.081         198 13.464 153 17.136     136.754 2.043
2011 221 14.807 240 26.640     360 18.720 380 21.280 360 23.400     320 16.640         208 13.520 183 20.130     155.137 2.272
2010 201 14.070 158 17.538     268 13.936 297 15.444 291 20.370     249 13.446         180 11.700 141 15.510     122.014 1.785
2009 143 10.010 157 17.427     255 13.260 200 12.000 194 11.446     217 10.850         134 8.576 169 19.604     103.173 1.469
2008 195 15.600 120 15.240     251 12.550 202 12.928 277 18.836     171 8.550         132 8.580 117 12.987     105.271 1.465
2007 192 13.248 134 15.410     245 12.250 233 15.844 249 14.691     244 12.200         181 11.765 131 14.279     109.687 1.609
2006 172 12.212 100 11.400     293 14.650 226 14.690 256 12.800     223 12.265         144 9.361 134 14.497     101.875 1.548
2005             269 15.333 324 20.412 235 12.220     125 9.375 50 5.600 217 10.850 189 12.474 103 11.742     98.006 1.512
2004             331 16.219 363 22.541 239 12.428     140 10.353 84 9.408 98 6.468 135 7.560 67 6.333 53 7.261 98.871 1.510
2003 201 11.256 120 14.400         429 22.526 369 23.247     238 13.481 146 14.162 331 16.881 153 9.945 200 20.000     145.898 2.187
2002 245 13.720 67 9048         393 18.422 234 14.742     230 15.475 129 14.190 332 17.264 203 12.992 163 18.419     134.269 1.996
2001             403 20.956 389 23.031 178 12.638 130 14.300 348 18.798     259 12.432 126 8.064 77 8.701     118.920 1.910
2000             263 13.150 252 14.728 187 11.220 122 11.102 215 11.350     205 9.840 145 9.280 105 12.075     92.745 1.494
1999             395 19.750 328 20.664 194 11.446 144 12.960 345 20.010     363 19.150 194 11.640 198 22.176     137.796 2.161
1998             252 12.600 378 22.680 364 20.020     214 12.061     275 13.750 181 10.860 157 17584     109.555 1.821
1997             227 12.031 298 17.880 361 21.660     356 20.450     252 12.600 252 15.120         99.741 1.746
1996             286 14.014 295 15.930 299 15.548     288 15.840     304 15.200 277 16.343         92.875 1.729
  3.076.015 46.810

Carte de visite Lull Gillen

Président d'Honneur du V.C. " Le Guidon BERTRANGE "

né le 7 octobre 1928 à Luxembourg, décédé le 11 août 2010
Marié et père de 2 fils
Pendant 15 ans Président du L.G. BERTRANGE
Président d'honneur du Panathlon Club Luxembourg
Coureur cycliste de 1942 à 1966 ( «pro» à partir de 1947 )

1945
2ième au Championnat du monde de vitesse amateurs (Parc des Princes, Paris)
1947
3 médailles d'argent aux Championnat du monde universitaires (Paris)
1949
2ième au Championnat du monde de poursuite «pro» : ( 5 km ) (1er : Fausto COPPI)
1950-1955
Championnats du monde de poursuite «pro» (5 km) 2x3e et 2x4e
1953
victoire d'étape au Tour de Luxembourg
1954
vainqueur du Tour de l'Oise
Nombreuses victoires de critériums
1955
RECORD DU MONDE (5 km) sur piste à Milan
11 victoires de courses dites «6 jours»
20 places de 2e / 24 places de 3e / 123 courses de «6 jours» courues

Wien ass de Lull Gillen ?

Weltrekormann iwwer 5 km

Ee vun de grousse Velodromspezialiste vun der Nokrichszäit wor de Lull Gillen.
Nët manner wéi 123 6-Days an Europa an Iwwerséi ass hie gefuer.
Dobäi ass de Lull Gillen vun der Strooss komm.
1941 ass de Lull séng éischt Vëloscourse gefuer, an ier hie Profi ginn ass,
hat hien un 82 Coursen deelgeholl an der net manner wéi 80 gewonn.

Am Emfeld, wou hien opgewuess ass, louch et eigentlech op der Hand, dass hie sech fir de
Vëlosport entscheet huet.
Säi Papp Maurice wor schon e gudde Coureur an hat 1924 un der Olympiad zu Paräis
deelgeholl. Wéi hie sech aus dem aktive Sport zréckgezunn hat, huet hie sech ëm d’Jugend
bekëmmert, esou dass de Maurice Gillen säi ganzt Liewe fir de Radsport gelieft huet.
Iwweregens ass de Lull mat 6 Joer déi éischt Trottinettscourse gefuer, déi deemools ganz
populär war.

Am Oktober 1947 ass de Lull Profi ginn, dat aus enger Trotzreaktioun eraus.
Déi Responsabel hunn him eng gezielt Préparatioun fir d’Olympiad vu London refuséiert.
Dobäi hätt hien all Chance gehat, fir eng éischt Goldmedail fir Lëtzebuerg ze gewannen, an
zwar iwwer 1 km Zäitfueren op der Piste. De spéideren Olympiagewënner Jacques Dupont
ass dem Lull e puermol iwwer de Wee gelaf,mä en hat ower ni d’Chance ze gewannen.
Dës spontan Entscheedung fir Profi ze ginn, huet de Lull awer net brauchen ze bedaueren.

Wéi hie Profi ginn ass, ass hie gläich op d’Piste gang.
Firwat eigentlech ?
Ma ganz einfach, de Lull hat d’Bierger net ganz gären, an hie wor sech bewosst , nimools e
Giro oder en Tour de France kënnen ze gewannen. Gewëss, duerch seng Vitesse hätt hie
kënnen déi eng oder aner Etappe gewannen. Mä well d’Coursen op der Piste Enn der 40er
Joren nach vill méi populär ware wéi haut, oft waren iwwer 40.000 Leit present, huet hien déi
Disziplin virgezunn. Iwweregens ass deen negativen Trend bei 6-Days-Coursen eng
Erschénung vun de leschte Joren. Et muss een nach soen, dass 6-Days, wéi se haut gefuer
ginn, absolut näischt méi mat der Grondiddi vu fréier ze un hun.
Dag an Nuecht huet deemools ee vun dénen zwee Coureuren op der Piste misse si, a mueres
gouf d’Course fir e puer Stonnen neutraliséiert. Haut fueren d’Coureuren nëmmen nach e puer
Stonnen den Dag, meeschtens vum spéiden Nomëtteg bis eng Auer zwou an der Nuecht.

De Lull hat déi grouss Chance, nach op der Piste um Belair bis 1950 ze trainéieren. Säin
éischt 6-Days ass hien 1948 zesumme mam Lëtzebuerger Mett Clemens zu New York gefuer.
D’Organisateure wollten deemools eng Lëtzebuerger Équipe um Départ hunn. Dem Lull säi
Manager, säi Papp, huet sech Kappzerbrieches gemaach fir de richtegen Équipier ze fannen,
fir mat sengem Bouf an déi grouss Welt ze goen. Beim Iwwerfueren um Schëff an déi „Nei
Welt“ huet de Lull seng 20 Joer gefeiert. Ouni grouss Erfahrung si se déi zweet ginn, an hu
vill Weltklasseteams hannert sech gelooss. Zu NewYork ass eng nei staark Équipe gebuer
ginn, an esou hunn d’Organisateure séier d’A op déi zwee Lëtzebuerger geriicht, an et wor net
verwonnerlech, dass si kuerz drop fir d’Bréisseler 6-Days engagéiert goufen. Hei hunn déi
zwee nees eng Kéier duerch hire Manktem un Erfahrung d’Waffe misse strecken. Zwou
Stonne viru Schluss luche Clemens-Gillen nach 5 Ronne virun de spéidere Vainqueure Van
Steenbergen-Kint. E puer Deeg méi spéit si se zu Paräis eng 100 km Américaine gefuer. Hei
ass de Mett esou schwéier gefall, dass hien no sengem Klinik-Openthalt de Vëlo un de Nol
gehaang huet.

De Lull huet an denen nächste Joren ëmmer aner Partner kritt, bis hien 1953 op den Italiener
Terruzzi gestouss ass a mat him iwwer 3 Joer vu Victoire zu Victoire gefuer ass.
D’Organisateuren hunn déi zwee, fir den Intressi vun de Coursen ze erhalen, einfach getrennt.
Duerno huet de Lull, mat e puer Ausnamen, ëmmer jonk, onerfuere Partner kritt. Hie sollt se
an d’Technik vun de 6-Days aféieren, wat sech selbstverständlech net gënschteg op säin
eegene Palmarès ausgewierkt huet. Ee vu senge Partner war och de Fausto Coppi.

Op der Piste waren einfach aner Gesetzer. Esou sot eemol de Stan Ockers zum Lull:
„Léiwer fueren ech zweemol den Tour de France, wéi eemol en 6-Days“. De Lull huet de
Fausto Coppi allerdéngs e puermol a senger Carrière erëmbegéint. Déi schlëmmst Renconter
war 1949, wou de Fausto Coppi de Lull an der Finale vun der Weltmeeschterschaft an der
Poursuite op de leschte Meter knapp geschlo huet.
Eng vu senger gréisste Leeschtungen huet de Lull 1956 am Velodrom zu Mailand bruecht.
Aus enger Laun eraus huet hie sech un de Weltrekord iwwer 5 km gewot.
Hie war op Mailand komm fir eng Poursuite géint den Aldo Moser ze fueren. De Lull war an
dësem Moment an Topform, a wéi hien de Moser an de Vestiaire begéint huet, sot dësen:
„Maach mer e Gefalen, iwwerronn mech w.e.g. net“.
No 3 Ronne Course hat de Lull de Moser schon am Viséier, a wéi hie sengem Géigner et
versprach hat, huet hien dësen och net iwwerholl.

No der Course wor de Lull nach esou frech, dass hien d’Organisateur gefrot huet, fir e neie
Weltrekord iwwer 5 km ze versichen. Begeeschtert vun dëser Iddi hunn d’Italiener all
Méigleches gemaach, an den Lull ass de neie Weltrekord an 6 Minutten 19 Sekonne
gefuer.


Niewent senge groussen Erfolleger op der Piste, huet de Lull och gutt Resultater op der
Strooss bruecht. Hien huet zum Beispill 1955 den Tour de l’Oise gewonnen, 1953 huet hien
déi Dikkrecher Etappe am Tour de Luxembourg gewonnen. Zweemol ass hie vun der
spezialiséierter Press mam Terruzzi als „Sechs-Deeg-Fuerer vum Joer“ gewielt ginn.
Mä och manner schéi Momenter huet hien an dëser Zäit erlieft: zu Aarhus an Dänemark war
hien esou schwéier gefall, dass hien eng Zäitche gelähmt wor. Wéi hien an der Klinik erëm
puer Zéiwe konnt bewegen, huet hie gemengt, hie wär nei gebuer.

Am Mee 1966 huet de Lull zu Québec der Piste Äddi gesot no 25 Joer Vëloskompétitioun.
De Lull ass dann nach 3 Méint am Kanada bliwwen an huet déi kanadesch Espoiren trainéiert,
datselwecht huet en zu Princeton an den U.S.A. mat der Universitéitséquipe gemaach.

Duerno ass hien erëm op Lëtzebuerg komm an huet eng Carrière als Banquier ugefaang, wou
hien et bis zum Bankdirekter bruecht huet.
Hien ass den 11. August 2010 zu Lëtzebuerg gestuerwen.


designed & hosted by
Luxembourg Online